Roma > News > Per il Centenario della nascita del Cardinale Domenico Ba... >
Per il Centenario della nascita del Cardinale Domenico Bartolucci, la Maitrise Sainte-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame è stata invitata a Roma
E Samschdeg hunn d'Sängerinnen a Sänger vum Lëtzebuerger Doum-Chouer an der Basilika Santa Croce zu Gerusalemme eng fulminant Demonstratioun vun hirer Konscht an hirer Affinitéit zum Beschte ginn an hunn a capella Wierker vum Kardinol Bartolucci presentéiert. Nieft Bartolucci-Stécker, déi nëmme ganz seelen opgefouert ginn, huet d'Maîtrise, ënnert der Leedung vum Marc Dostert, och Lëtzebuerger Wierker, déi am Kontext vun der Veréierung vun der Consolatrix Afflictorum an der Kathedral vu Lëtzebuerg komponéiert goufen, interpretéiert.
De Concert war ganz gutt besicht, d'Bänke vun der Basilika waren all besat, an de Public war vum Programm an der Interpretatioun begeeschtert. De Generalsekretär vun der Fondazione Bartolucci, den Dr. Alessandro Biciocchi, huet dem Dirigent an dem Chouer fir dee gelongene Choix vun de Wierker felicitéiert, déi net dacks ze héiere sinn. Och hätten d'Lëtzebuerger de Bartolucci-Stil exemplaresch duerbruecht an net gescheit virun der italienescher Aussprooch.
Spontan huet den Organisateur d'Maîtrise 2019 invitéiert, wann de Lëtzebuerger Chouer 175 Joer feiert, fir nach emol op Roum sangen ze kommen. Och d'Famill vum Komponist, déi am Public souz, war vun der Interpretatioun emotional beréiert. Nom Dout vum Kardinol Bartolucci hätt een d'Kompositioun Crux fidelis net méi sou schéin héieren, wéi vun de Lëtzebuerger Gäscht. D'Maîtrise huet deemno d'Lizenz, fir Bartolucci-Wierker opzeféieren.
An der Kathedral vu Lëtzebuerg gëtt et iwwregens eng Bartolucci-Traditioun, well de fréieren Dirigent vun der Maîtrise, de René Ponchelet, e Schüler vum berühmten italienesche Komponist war.
Bravissimo: E gutt Stéck Lëtzebuerg am Péitersdoum
Um Sonndeg haten d'Sängerinnen an d'Sänger vun d'Maîtrise Sainte-Cécile déi grouss Éier, eng Mass am Péitersdoum ze sangen.
Et war déi 1. Kéier an der 173-järeger Geschicht vun deem Doumchouer, datt d'Maîtrise an der Haaptkierch vun de Katholike konnt sangen.
Ënnert der Leedung vum Marc Dostert hunn d'Member vun der Maîtrise mat vill Freed an de Laudate Dominum vum italienesche Komponist Domenico Bartolucci agestëmmt. De musikalesche Programm war exklusiv Wierker vum laangjäregen Direttore Perpetuo vum peepstleche Chouer Capella Sistina dediéiert - mat enger klenger Ausnam: en Alleluja aus der Fieder vum René Ponchelet, dee jo Schüler vum Bartolucci zu Roum war, an dee laang Joren d'Maîtrise dirigéiert hat. Op der Uergel huet den Doumorganist Paul Breisch de Chouer begleet.
Passend zum Fest vum Hellege Jean-Paul II., deen den 22. Oktober 1978 zum Poopst gewielt gouf, hat de Marc Dostert den Hymnus Tu es Petrus op de Programm gesat. Dësen Asetzungstext vum Péitruss als éischten Nofolger vu Christus steet ganz prominent am Tambour vun der Kuppel am Péitersdoum. Sou war et ee ganz emouvante Moment, wéi den Text vun der Kuppel duerch déi gréisste Kierch vun der Welt mat Lëtzebuerger Stemme geschalt huet. Bestëmmt huet du och deen een oder anere sech drun erënnert, datt de Poopst Jean-Paul II. 1985 an der Kathedral vu Lëtzebuerg war.
Zum Schluss vun der Mass sot den Haaptzelebrant, en italienesche Paschtouer, dee vu 4 Geeschtlech vu Lëtzebuerg ëmgi war, datt d'Maîtrise sou gutt géif sange wéi d'Capella Sistina. E schéint Kompliment, datt d'Maîtrise gär an der Wallis um Méindeg mat heem op Lëtzebuerg hëlt ...














